Zum Inhalt springen
CFC - Centre de Formation pour Conducteurs logo

Projektleiter - Trainer im Bereich Ladungssicherung und/oder Tachographen

CFC - Centre de Formation pour Conducteurs · Fahrdienste

Zusammenfassung

Als Projektleiter werden Sie theoretische und praktische Schulungen im Bereich der Ladungssicherung und/oder Tachographen durchführen. Dies beinhaltet die Vorbereitung, Organisation und Durchführung von Schulungen sowie die Beratung von Kunden und die Teilnahme an der Entwicklung von Verkehrssicherheitsprojekten.

Eckdaten

Status
Verfügbar
Standort
Luxemburg
Arbeitsmodell
Vor Ort
Startdatum
Ab sofort
Level
Erfahren
Ausbildung
Berufsausbildung (CATP/DAP/BTS)
Sprachen (erforderlich)
  • LuxemburgischC1
Geforderte Kenntnisse
  • Ladungssicherung
  • Tachographen
  • Code 95
  • Transportvorschriften
Benefits
  • Persönliche Weiterentwicklung durch kontinuierliche Schulungen
Geschätztes Gehalt (nicht offiziell)
~€55k–85k/yrGrobe Schätzung für eine Vollzeitstelle – nicht vom Arbeitgeber angegeben Wie wird das berechnet?

Vollständige Beschreibung

D’Formatioun vun de Chaufferen steet am Mëttelpunkt vun eiser Aarbecht.

Als wichtegen Acteur am Beräich vun der Mobilitéit verfollege mir d’Zil, op nationalem Niveau zur VISION ZERO Accidenter ouni déidlech an schwéier Blesséierten bäizedroen, an och zur Reduktioun vun den CO₂-Emissiounen.

Am Kader vun der Weiderentwécklung vun eiser Ekipp um Site zu Suessem sicht den CFC:

Chargé de Missioun – Formateur am Beräich vun der Ladung ‘s Sécherung an/oder Tachygraphen (m/f/d)

Är Aufgaben

  • Theoretesch a praktesch Formatiounen am Beräich vun der Ladung ‘s Sécherung an/oder de

Reglementatiounen am Transportwiesen (Tachygraphen, Code 95) duerchféieren;

  • Virbereeden, organiséieren an duerchféieren vun Formatiounen am Presentiel an, wann néideg, och Online;
  • Clienten a reglementaresche a Praxis orientéierten Froen beroden a begleeden;
  • Transport Praxis analyséieren a Verbesserungsméiglechkeeten am Beräich vun der

Sécherheet an der Konformitéit identifizéieren;

  • Formatiouns Material an Dokumentatioun erstellen an aktualiséieren;
  • Bei der Entwécklung vu CFC Projete fir d’Verkéierssécherheet an d’Sensibiliséierung matwierken.

Äre Profil

  • Ausbildung Niveau Bac minimum am Beräich Transport, Logistik, Formatioun oder eng gläichwäerteg Qualifikatioun;
  • Beruffserfarung am Stroossentransport, idealerweis am Zesummenhang mat der Ladung ‘s

Sécherung an/oder der Uwendung vun Tachygraphen;

  • Gutt Kenntnisser vun der Reglementatioun (Lenk- a Rouzäiten, Code 95, Sécherung vu

Ladungen);

  • Erfarung an der Duerchféierung vu Formatiounen oder eng staark Motivatioun, Wëssen ze vermëttelen;
  • Dynamesch a kommunikativ Perséinlechkeet déi gären mat Leit schafft an sech u verschidde

Publicken upassen kann;

  • Selbststänneg, riguréis, strukturéiert a verantwortungsvoll Aarbechtsweis;
  • Führerschäin vun der Kategorie C an/oder D ass vu Virdeel;
  • Fléissend Kenntnisser (Niveau C1) am Lëtzebuergeschen an am Franséischen;
  • Sensibiliséierung fir d’Thematik vun der Verkéierssécherheet.

Eis Offer

  • Ofwiesslungsräich a verantwortungsvoll Aktivitéit an enger dynamescher a klenger Ekipp;
  • Stimuléieren ‘t Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an aktiv Bedeelegung fërdert;
  • Modern Formatiouns-Infrastrukturen, qualitativ héichwäertegt technescht Material an eng ënnerstëtzend Organisatioun;
  • Perséinlech Weiderentwécklung duerch kontinuéierlech Formatiounen.

Wann Äre Profil eisen Ufuerderunge entsprécht an Dir un dësem Posten interesséiert sidd, dann schéckt eis Är Bewerbung per E-Mail un jobs@cfc.lu.