Skip to content

Coordinator for creative workshops

Summary

As a coordinator for creative workshops in Redange, you will take on the leadership of the Professional Inclusion Workshops, with a focus on the creative area. This includes organizing work, leading team members, and supporting the supported employees in their professional inclusion.

Key facts

Status
Available
Location
Luxembourg
Work arrangement
On-site
Start date
Immediately
Level
Mid
Education
Bachelor's
Driving licence
Yes
Languages (required)
  • LuxembourgishFluent
Required skills
  • Pedagogy
  • Management
  • Time management
Benefits
  • Regular training
  • Salary and conditions of CCT SAS, Career C6
Estimated salary (not official)
~€48k–65k/yrRough estimate for a full-time role — not provided by the employer How is this calculated?

Full description

fir eisen Atelier d’inclusion professionnelle zu Réiden

  • REF: COOP202601

Deng Missioun

An engem Team vu Coordinateuren zesummen d’Leedung vun den Ateliers d’Inclusion Professionnelle assuréieren a fir ee gudde Fonctionnement suergen, am Aklang mat de Wäerter an der Philosophie vun der Schock.

Een Schwéierpunkt vun denger Aarbecht läit an der Leedung vum kreative Beräich:

Leedung vum Team

  • Aarbechtsorganisatioun a Fonctionnement vum Alldag mat der Equipe zesumme plangen an ëmsetzen
  • Leedung vun Teamversammlungen
  • Féierung vu Mataarbechtergespréicher

Ënnerstëtzung an der pädagogescher Aarbecht

  • Aarbechtsofleef strukturéieren an un d’Kompetenze vun eise betreite Mataarbechter upassen
  • Entwécklung an Aktualiséierung vun Aarbechtsprozeduren an Zesummenaarbecht mam Team
  • Fërderung vun de Kompetenze vun de betreite Mataarbechter

Organisatioun vun der kreativer Produktioun zesumme mam Team (Käerzen, Keramik, Floristik, etc.)

Een weidere Schwéierpunkt ass den aktive Suivi an d‘Koordinatioun vun den Evaluatiounen an de Kompetenzbilanen vun de betreite Mataarbechter (initiale Kompetenzenbilan, Dokumentatioun vun den Aktivitéiten, Formatiounspläng a Projeten zur berufflecher Inklusioun).

Qualifikatioun a Kompetenzen déi’s du als Coordinateur matbrénge solls:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Bachelordiplom am Beräich Pädagogik an/oder Management
  • Ee Leadership, gepräägt duerch eng respektvoll, wohlwollend a léisungsorientéiert Haltung an der Aarbecht,
  • Fachlech a pädagogesch Kompetenzen mat engem ganzheetlechen Usaz an der Begleedung
  • Gutt Fäegkeeten an der Organisatioun: strukturéiert, koordinéiert an zilorientéiert Aarbechtsweis mat enger gudder Zäitgestioun
  • Fäegkeet, Freed a Motivatioun, souwéi och den Equippegeescht ze fërderen
  • Wohlwollend a wäertschätzend Haltung, mat Humor a Liichtegkeet an der Zesummenaarbecht
  • Kapabel autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Gutt Kompetenzen an der Verschrëftlechung an an der Kommunikatioun
  • Flexibilitéit an Teamfäegkeet
  • Gutt PC-Kenntnisser

Wat mir dir bidden?

  • Zesummeschaffen an engem dynameschen a motivéierten Team
  • Vernetzung mat anere Servicer
  • Reegelméisseg Formatiounen
  • Aschaffen vun der Direktioun an deenen anere Memberen vum Leedungsteam
  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS, Carrière C6

Konditiounen

  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot

hier die Stellenausschreibung « Coordinateur kreativ Atelieren» als PDF herunterladen.

END JOB -->