Skip to content

NEW Graduate Educator (/NB) - Maison Relais Tandel

Summary

We are looking for a qualified educator (M/F/NB) for Maison Relais Tandel in a permanent contract with 30 hours/week. The tasks include welcoming and accompanying children from Cycle 1-4, participating in educational projects, supporting the child's individual development, and maintaining regular exchanges with parents.

Key facts

Status
Available
Location
Tandel
Contract
Part-time
Working time
30h/week · 75%
Work arrangement
On-site
Start date
Immediately
Level
Entry
Education
Vocational (CATP/DAP/BTS)
Languages (required)
  • LuxembourgishFluent
Required skills
  • qualified educator
Benefits
  • Collective agreement CCT-SAS
  • Further training and development opportunities
Estimated salary (not official)
~€45k–60k/yrRough estimate for a full-time role — not provided by the employer How is this calculated?

Full description

Mir siche fir d’Maison Relais Tandel: Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 30 Stonnen/Woch

D'Maison Relais Tandel bitt Plaz fir 190 Kanner a läit an enger charmanter, ländlecher Regioun, déi duerch hir roueg a naturno Lag déi ideal Viraussetzungen fir Fräizäitaktivitéiten an der Natur bitt. An dëser Struktur fënnt een ënner anerem verschidde Funktiounsraim, eng pedagogesch Kichen, eng Bibliothéik an eng Turnhal. Bausse kënnen d'Kanner sech op enger flotter Spillplaz oder um Multisportsterrain auspoweren.

Deng Aufgaben

  • Empfänken a Begleede vu Kanner aus dem Cycle 1-4
  • Matwierke bei edukative Projeten, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn
  • Ënnerstëtze vum Kand a senger individueller Entwécklung
  • Ofhale vu reegelméissegen a professionellen Austauscher mat den Elteren

Däi Profil

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als éducateur diplômé
  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten
  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel

Wat dech erwaart

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg.

Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn.

Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft. (bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)