Zum Inhalt sprangen

Administrativ / Sales support

Zesummefaassung

Mir sichen eng Persoun fir administrativ an och Verkafs-Ënnerstëtzung an eiser Agence. D'Aufgabe beinhalt d'Clienten ze empfänken, hir Froen ze beäntweren, Offeren an Kontrakter ze maachen, an d'Post ze managen. Eng éischt Erfahrung ass e Virdeel.

Wichteg Fakten

Status
Disponibel
Standuert
Leudelange
Kontrakt
Vollzäit
Aarbechtsmodell
Op der Plaz
Ufanksdatum
Soubal wéi méiglech
Niveau
Ufänger
Sproochen (verlaangt)
  • Lëtzebuergesch
Gefuerdert Kompetenzen
  • Franséisch
  • Däitsch
Virdeeler
  • e Programm u Formatiounen
  • en dynameschen a professionellen Environnement
Geschat Salaire (net offiziell)
~€45k–65k/yrGrouf Schätzung fir eng Vollzäitplaz – net vum Employeur uginn Wéi gëtt dat berechent?

Vollstänneg Beschreiwung

Mir sichen fir eis Agencen am Land

Responsabilitéiten

Är haaptsächlech Responsabilitéiten

  • Den Accueil vun de Clientë vun der Agence, perséinlech oder um Telefon, assuréieren,
  • op Froe vun de Clientë vun der Agence reagéieren,
  • Dossieren preparéieren, fir d‘Visitte vu geschäftleche Clienten,
  • d‘Redaktioun vun neien Offeren a Kontrakter iwwerhuelen,
  • de Suivi vun den Dossieren vun de Sinistren assuréieren,
  • Iech ëm d‘(elektronesch a bréiflech) Post bekëmmeren.

Wann Dir motivéirt sidd iech weider ze bilden an Dir hutt eng kommerziel Oder / sidd kommerziel ungehaucht, kenn Dir och:

  • d‘Verkafsaktioune vum Grupp suivéieren,
  • de Suivi vun den Aktiounen assuréieren, déi vun der Agence gefuerdert gi sinn.

Obligatoresch Ufuerderungen

  • Dir beherrscht perfekt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, all aner Sprooch ass vu Virdeel,
  • Dir beweist Initiativ, Dynamik an Autonomie,
  • Dir schafft grëndlech a sidd gutt organiséiert,
  • Dir hutt e gutt Gespier fir de Service un de Client.
  • Eng éischt Erfahrung wär vun Virdeel.

Mir bidden

  • e Programm u Formatiounen, déi Ärem Profil an Äre Responsabilitéiten entspriechen,
  • en dynameschen a professionellen Environnement.