Zum Inhalt sprangen

Assistant social / Assistant d’hygiène social

Zesummefaassung

D'ALAN – Maladies Rares Luxembourg sicht en Assistant social / Assistant d’hygiène social (m/w/d) fir e Congé Maternité/Parental ze ersetzen. D'Aufgabe beinhalt d'Berodung a Begleedung vu Persounen a Famillje mat enger rarer Krankheet, Suivi vun Dossieren an Austausch mat Partner aus dem medezinesch-soziale Beräich.

Wichteg Fakten

Status
Disponibel
Standuert
Lëtzebuerg
Kontrakt
Temporär
Dauer vum Kontrakt
12 Méint
Aarbechtszäit
40 Stonnen/Woch
Aarbechtsmodell
Op der Plaz
Ufanksdatum
Mäerz 2026
Niveau
Ufänger
Ausbildung
Beruffsausbildung (CATP/DAP/BTS)
Führerschäin
Jo
Bewerben bis
2025-12-07
Sproochen (verlaangt)
  • Lëtzebuergesch
Gefuerdert Kompetenzen
  • Assistant(e) social(e)
  • Assistant(e) d’hygiène social(e)
  • Däitsch
  • Franséisch
Virdeeler
  • CCT SAS Kollektivvertrag
  • Flexibel Aarbechtskonditiounen
  • Méiglechkeete fir perséinlech a berufflech Entwécklung
Geschat Salaire (net offiziell)
~€48k–65k/yrGrouf Schätzung fir eng Vollzäitplaz – net vum Employeur uginn Wéi gëtt dat berechent?

Vollstänneg Beschreiwung

D’a.s.b.l. ALAN – Maladies Rares Luxembourg sicht fir ee Congé Maternité/Parental ze ersetzen een

Assistant social /Assistant d’hygiène social (m/w/d)

CDD (30-40 St/W) vun Mäerz 2026 bis Mäerz 2027

Engagement no der CCT SAS

Är Missiounen

  • Berodung a Begleedung vu Persoune/Famillje mat enger rarer Krankheet
  • Suivi a Gestioun vun den Dossieren
  • Professionellen Austausch mat alle Partner aus dem medezinesch-soziale Beräich
  • Bedeelegung un internen a nationalen Projeten

Äre Profil

  • Autorisatioun fir als Assistant(e) (d’hygiène) social(e) zu Lëtzebuerg ze schaffen
  • Beruffserfarung am medezinesch-soziale Beräich zu Lëtzebuerg ass vu Virdeel
  • Ganz gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen a Franséischen. All zousätzlech Sprooch ass vu Virdeel
  • Diskretioun, Flexibilitéit an Teamgeescht
  • Organisatiounssënn an Autonomie
  • Führerschäin Klass B

Mir bidden

  • Ee Posten den ënnert dem CCT-SAS Kollektivvertrag konventionéiert ass
  • Flexibel Aarbechtskonditiounen
  • Eng enk Zesummenaarbecht am interdisziplinären Team
  • En dynamescht a kreatiivt Ëmfeld, gedriwwe vun enger gemeinsamer Passioun
  • Méiglechkeete fir perséinlech a berufflech Entwécklung

Schéckt Ären Dossier mat Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopië vun den Diplomer, Zertifikater a Referenze bis den 7. Dezember 2025 un: Gwennaëlle Crohin, ALAN – Maladies Rares Luxembourg; Parc Luxite, 13, rue de l’Innovation, L-1896 Kockelscheuer oder gwenn.crohin@alan.lu

Virum Ënnerschreiwe vum Aarbechtskontrakt froe mir e rezenten Extrait aus dem Casier Judiciaire (Bulletin n°3 & n°5).

  • Délai: 7. Dezember 2025

Get in touch if you have questions or need support

Contact us

About ALAN

Read more