Zum Inhalt sprangen

Zesummefaassung

D'Fondation Maison de la Porte Ouverte sicht fir d'Maison Saint Joseph en diploméierten Erzéierer fir den psychotherapeuteschen Empfang. D'Positioun erfuerdert e Diplom als Erzéierer, staark psychosozial Kompetenzen, Krisemanagementfäegkeeten an d'Beherrschen vun Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch.

Wichteg Fakten

Status
Disponibel
Standuert
Lëtzebuerg
Kontrakt
Vollzäit
Aarbechtszäit
40 Stonnen/Woch
Aarbechtsmodell
Op der Plaz
Ufanksdatum
Soubal wéi méiglech
Niveau
Ufänger
Ausbildung
Beruffsausbildung (CATP/DAP/BTS)
Führerschäin
Jo
Sproochen (verlaangt)
  • LëtzebuergeschFléissend
Gefuerdert Kompetenzen
  • Deeskalatioun
  • Trauma- an Erliefnespedagogik
Virdeeler
  • Onbefriste Kontrakt (CDI)
  • Fachlech Ënnerstëtzung
  • Supervision
  • Teamreflexioun
  • Formatiounen
  • Attraktiv Aarbechtsbedéngungen no dem CCT-SAS Kollektivvertrag (Karriär C4)
Geschat Salaire (net offiziell)
~€48k–65k/yrGrouf Schätzung fir eng Vollzäitplaz – net vum Employeur uginn Wéi gëtt dat berechent?

Vollstänneg Beschreiwung

Educateur diplômé (m/f) – 30h ou 40h/sem (Maison Saint Joseph)

D’Fondation Maison de la Porte Ouverte sicht fir d’ Maison Saint Joseph, fir den accueil psychothérapeutique:

ee diploméierten Erzéier*in 30 oder 40 St/Woch

Gesichte Profil

  • Diplom als Erzéier*in (een zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom als diplômé an autorisation d’exercer)
  • Staark psychosozial Kompetenzen an eng héich Stressresisten
  • Sécheren Ëmgang mat Krisen, Eskalatiounen an emotionalem Leed (Zousatzqualifikatiounen an de Beräicher Deeskalatioun, Trauma- an Erliefnespedagogik si vu Virdeel)
  • Fäegkeet fir strukturiert, reflektéiert a teamorientéiert ze schaffen
  • Erfarung am Noutaccueil, psychiatreschen, résidentielle oder therapeutesche Kontext ass e kloere Virdeel
  • Beherrschen vun der Lëtzebuergescher, Franséischer an Däitscher Sprooch
  • Verantwortungsbewosst, fäeg souwuel autonom wéi och an der Ekipp ze schaffen
  • Führerschäi B

Mir bidden

  • Onbefriste Kontrakt (CDI) – 30 oder 40 Stonnen/Woch
  • Eng héich sënnvoll, awer och usprochsvoll Aarbecht
  • Fachlech Ënnerstëtzung, Supervision an Teamreflexioun mat interessanten Formatiounen
  • Attraktiv Aarbechtsbedéngungen no dem CCT-SAS Kollektivvertrag (Karriär C4)
  • Deel vun enger dynamescher an engagéierter Ekipp ze sinn
  • Een ofwiesslungsräichen Aarbechtsalldag

Intresséiert?

Wann Dir bereet sidd, Verantwortung an schwierege Momenter ze iwwerhuelen an Jugendlecher a Kris professionell ze begleeden, da sidd Dir bei der Maison Saint Joseph richteg. D‘Kandidaturen mat Referenznummer, Liewenslaf, Foto a Kopie vum Diplom, kënnen u follgend Adress geschéckt ginn: ressourceshumaines@fmpo.lu.

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Articles récents

Orange Week 2026 25/11/2026

Journée mondiale de l’enfance 20/11/2026

Exposition « Le Photobooth de l’Expression» 17/11/2026