Zum Inhalt sprangen

Zesummefaassung

D'Aufgab ass et, Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung am Alldag an hirem Doheem ze begleeden an z'ënnerstëtzen, hir "Projet de vie" auszeschaffen an ze evaluéieren, an en Doheem ze schafen, dat dem Normalitéits- an Inklusiounsprinzip entsprécht.

Wichteg Fakten

Status
Disponibel
Standuert
Lëtzebuerg
Aarbechtsmodell
Op der Plaz
Ufanksdatum
Soubal wéi méiglech
Niveau
Ufänger
Ausbildung
Beruffsausbildung (CATP/DAP/BTS)
Führerschäin
Jo
Sproochen (verlaangt)
  • LëtzebuergeschFléissend
Virdeeler
  • Salaire et conditions du CCT SAS
  • Carrière C4
Geschat Salaire (net offiziell)
~€48k–65k/yrGrouf Schätzung fir eng Vollzäitplaz – net vum Employeur uginn Wéi gëtt dat berechent?

Vollstänneg Beschreiwung

fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg

  • REF: ASBL202612

Deng Missioun

  • Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Alldag an hirem Doheem begleeden an ënnerstëtzen
  • Op Basis vun de Bedierfnësser an de Ressource vun dëse Leit eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren
  • Mat der betreiter Persoun zesummen e „Projet de vie“ ausschaffen, dësen no enger Zäit kompetent evaluéiren a bei Bedarf nei formuléieren
  • Mam Bewunner zesummen een Doheem schafen, wat dem Normalitéits- an Inklusiounsprinzip entsprécht

Qualifikatioun a Kompetenzen

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier
  • Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Berufflech Erfahrung mat Mënsche mat enger enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel
  • Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
  • Flexibilitéit an Teamfähegkeet
  • Bereetschaft, och weekends, owes an nuets ze schaffen
  • Gutt PC-Kenntnisser

Konditiounen

  • Salaire a Conditioune vum CCT SAS, Carrière C4
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot

Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

... hier die Stellenausschreibung « Educateur diplômé» als PDF herunterladen.