Zum Inhalt sprangen

Zesummefaassung

D'Aufgab ass d'Begleedung an d'Ënnerstëtzung vu Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung am Alldag, souwéi de medezinesche Suivi an d'Medikamenteverwaltung ze assuréieren.

Wichteg Fakten

Status
Disponibel
Standuert
Lëtzebuerg
Aarbechtsmodell
Op der Plaz
Ufanksdatum
Soubal wéi méiglech
Ausbildung
Beruffsausbildung (CATP/DAP/BTS)
Führerschäin
Jo
Sproochen (verlaangt)
  • LëtzebuergeschFléissend
Gefuerdert Kompetenzen
  • Medikamenter stellen a kontrolléiren
  • Dokter-Rendezvous’en
  • PC-Kenntnisser
Virdeeler
  • Salaire et conditions du CCT SAS, C5
Geschat Salaire (net offiziell)
~€50k–65k/yrGrouf Schätzung fir eng Vollzäitplaz – net vum Employeur uginn Wéi gëtt dat berechent?

Vollstänneg Beschreiwung

fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg

  • REF: ASBL202607

Missioun

  • Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Alldag an hirem Doheem begleeden an ënnerstëtzen
  • De medezinesche Suivi vun de betreiten Persounen an hierem Dossier assuréieren
  • Medikamenter stellen a kontrolléiren
  • Begleedung op Dokter-Rendezvous’en iwwerhuelen
  • Op Basis vun de Bedierfnësser an de Ressource vun dëse Leit eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren

Qualifikatioun a Kompetenzen

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier
  • Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Behënnerung
  • Berufflech Erfahrung mat Mënsche mat enger intellektueller Behënnerung ass vu Virdeel
  • Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
  • Humor, Flexibilitéit an Teamfähegkeet
  • Loscht sech an engem Team ze engagéiren
  • Bereetschaft, och weekends an owes ze schaffen
  • Gutt PC-Kenntnisser

Konditiounen

  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS, C5
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot

Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

... hier die Announce « Infirmier» als PDF herunterladen.