Zum Inhalt sprangen

Zesummefaassung

D'Aufgab ass d'Verantwortung fir den Traiteurberäich ze iwwerhuelen, eng Equipe vu Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze encadréieren an ze leeden, an d'Qualitéit vun de Produkter ze garantéieren.

Wichteg Fakten

Status
Disponibel
Standuert
Lëtzebuerg
Aarbechtsmodell
Op der Plaz
Ufanksdatum
Soubal wéi méiglech
Niveau
Erfueren
Ausbildung
Beruffsausbildung (CATP/DAP/BTS)
Führerschäin
Jo
Sproochen (verlaangt)
  • LëtzebuergeschFléissend
Gefuerdert Kompetenzen
  • HACCP
Virdeeler
  • Salaire et conditions du CCT SAS, C3
Geschat Salaire (net offiziell)
~€45k–65k/yrGrouf Schätzung fir eng Vollzäitplaz – net vum Employeur uginn Wéi gëtt dat berechent?

Vollstänneg Beschreiwung

  • REF: COOP202604

Missioun

  • Verantwortung iwwerhuelen fir den Traiteurberäich
  • Encadrement a Leedung vun enger Equip vu Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Zesummen mat der Equip di verschidde Produktiounen an Aarbechten fachgerecht duerchféieren
  • Qualitéit vun de Produit‘en an Ëmsetzen vun den Normen HACCP garantéieren
  • Verantwortung huelen fir nei Produit’en ze entwéckelen an den Traiteurberäich weiderzeentwécklen

Qualifikatioun a Kompetenzen

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Kach/Traiteur, niveau DAP
  • Beherrschen vun den HACCP Normen
  • Kreativitéit a Freed qualitativ héichwäerteg Produit’en hierzestellen
  • Eng respektvoll, léisungsorientéiert a wohlwollend Haltung an der Aarbecht
  • Kompetenzen hun fir autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
  • Humor, Flexibilitéit an Teamfäegkeet
  • Loscht, an engem engagéierten Team matzeschaffen
  • PC-Kenntnisser

Konditiounen

  • Salaire a Conditioune vum CCT SAS, C3
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot

Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

... hier die Announce « Kach / Traiteur» als PDF herunterladen.