Zum Inhalt sprangen

NEW Educateur diplômé (/NB) - Maison Relais Tandel

Zesummefaassung

Mir siche fir d’Maison Relais Tandel een Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 30 Stonnen/Woch. D'Aufgabe bestinn doranner, Kanner aus dem Cycle 1-4 ze empfänken a mat hinnen ze schaffen, bei edukative Projeten matzewierken, d'Kanner an hirer Entwécklung z'ënnerstëtzen an den Austausch mat den Elteren ze pflegen.

Wichteg Fakten

Status
Disponibel
Standuert
Tandel
Kontrakt
Deelzäit
Aarbechtszäit
30 Stonnen/Woch · 75%
Aarbechtsmodell
Op der Plaz
Ufanksdatum
Soubal wéi méiglech
Niveau
Ufänger
Ausbildung
Beruffsausbildung (CATP/DAP/BTS)
Sproochen (verlaangt)
  • LëtzebuergeschFléissend
Gefuerdert Kompetenzen
  • éducateur diplômé
Virdeeler
  • Kollekivvertrag CCT-SAS
  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten
Geschat Salaire (net offiziell)
~€45k–60k/yrGrouf Schätzung fir eng Vollzäitplaz – net vum Employeur uginn Wéi gëtt dat berechent?

Vollstänneg Beschreiwung

Mir siche fir d’Maison Relais Tandel: Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 30 Stonnen/Woch

D'Maison Relais Tandel bitt Plaz fir 190 Kanner a läit an enger charmanter, ländlecher Regioun, déi duerch hir roueg a naturno Lag déi ideal Viraussetzungen fir Fräizäitaktivitéiten an der Natur bitt. An dëser Struktur fënnt een ënner anerem verschidde Funktiounsraim, eng pedagogesch Kichen, eng Bibliothéik an eng Turnhal. Bausse kënnen d'Kanner sech op enger flotter Spillplaz oder um Multisportsterrain auspoweren.

Deng Aufgaben

  • Empfänken a Begleede vu Kanner aus dem Cycle 1-4
  • Matwierke bei edukative Projeten, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn
  • Ënnerstëtze vum Kand a senger individueller Entwécklung
  • Ofhale vu reegelméissegen a professionellen Austauscher mat den Elteren

Däi Profil

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als éducateur diplômé
  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten
  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel

Wat dech erwaart

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg.

Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn.

Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft. (bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)