Zum Inhalt sprangen

Zesummefaassung

Als Psycholog wäert Dir mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung schaffen, individuell Begleedung ubidden, an d'Equippen um Terrain ënnerstëtzen. D'Aufgabe beinhalt och d'Gestioun vun Admissiounen an d'Dokumentatioun.

Wichteg Fakten

Status
Disponibel
Standuert
Lëtzebuerg
Ufanksdatum
Soubal wéi méiglech
Ausbildung
Master
Führerschäin
Jo
Sproochen (verlaangt)
  • LëtzebuergeschFléissend
Gefuerdert Kompetenzen
  • Psychologesch Begleedung vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Diagnostesche Prozess
  • Bedierfnesser an Ressource Evaluatioun
  • Begleedungspläng
  • Fachlech Ënnerstëtzung vun den Equippen
  • Gestioun vun den Admissiounen
  • Verschrëftlechung vu Konzepter
  • Verfasse vu Rapporten
Virdeeler
  • Horaire: gëtt Opgrond vun den Suivi’en ugepasst
  • Reegelméisseg Formatiounen
  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS, Carrière C7
Geschat Salaire (net offiziell)
~€50k–70k/yrGrouf Schätzung fir eng Vollzäitplaz – net vum Employeur uginn Wéi gëtt dat berechent?

Vollstänneg Beschreiwung

fir eise Service Ressources

  • REF: ASBL202609

Deng Missioun

  • Zesummenaarbecht an engem multidisziplinärem Team
  • Psychologesch Begleedung vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung

● Individuell Suivien an enger ganzheetlecher Approche, Gespréichsgruppen… ● Bedeelegung um diagnostesche Prozess vun de betreite Persounen ● Bedeelegung un der Evaluatioun vun de Besoinen an de Ressource vun de betreite Persounen ● Aktive fachlechen Austausch an Matschaffen an der Erstellung vun Begleedungspläng

  • Fachlech Ënnerstëtzung vun den Equippen um Terrain bei psychologeschen, relationalen oder verhalenskreati-ven Erausfuerderungen, besonnesch a méi komplexe Situatiounen
  • Gestioun vun den Admissiounen an eisen verschiddenen Servicer an Begleedung vun dësem Prozess
  • Verschrëftlechung vu Konzepter, Verfaasse vu Rapporten a fachlecher Dokumentatioun

Qualifikatioun a Kompetenzen

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannte Diplom als Psycholog
  • Erfahrung an der Aarbecht mat Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel
  • Fachlech a pädagogesch Kompetenzen mat engem ganzheetlechen Usaz an der Begleedung
  • Gutt Fäegkeeten an der Organisatioun: strukturéiert, koordinéiert an zilorientéiert Aarbechtsweis mat enger gudder Zäitgestioun
  • Wohlwollend a wäertschätzend Haltung, mat Humor a Liichtegkeet an der Zesummenaarbecht
  • Kapabel autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Flexibilitéit an Teamfäegkeet
  • Gutt Kompetenzen an der Verschrëftlechung an an der Kommunikatioun
  • Gutt PC-Kenntnisser

Wat mir dir bidden?

  • Horaire: gëtt Opgrond vun den Suivi’en ugepasst — tëschent 8h — 18h
  • Zesummeschaffen an engem dynameschen a motivéierten Team
  • Vernetzung mat anere Servicer
  • Reegelméisseg Formatiounen
  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS, Carrière C7

Konditiounen

  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot

... hier die Announce « Psycholog» als PDF herunterladen.