Zum Inhalt sprangen

Zesummefaassung

Mir sichen eng dynamesch an erfueren Servicekraft (m/w) fir d'Saison fir den Restaurant Am Kraeltgen. D'Aufgabe beinhalt d'Dressage vun den Dëscher, Accueil, Commanden ophuelen, Clienten beroden an Service à l’assiette.

Wichteg Fakten

Status
Disponibel
Standuert
Aspelt
Kontrakt
Temporär
Dauer vum Kontrakt
3 Méint
Aarbechtszäit
40 Stonnen/Woch
Aarbechtsmodell
Op der Plaz
Ufanksdatum
Mëtt Juni
Niveau
Erfueren
Erfarung
3+ Joer
Führerschäin
Jo
Gefuerdert Kompetenzen
  • Service à l’assiette
  • Accueil
  • Commanden ophuelen
  • Clienten beroden
Virdeeler
  • Eng gutt Zesummenaarbecht an enger flotter Ekipp
  • Vill Laachen an eng respektvoll Atmosphär
  • Eng trei Clientèle, déi eis scho laang begleet
  • E schéinen Aarbechtsplaz an engem charmante Kader
Geschat Salaire (net offiziell)
~€38k–48k/yrGrouf Schätzung fir eng Vollzäitplaz – net vum Employeur uginn Wéi gëtt dat berechent?

Vollstänneg Beschreiwung

Mir sichen Verstärkung!

Fir d’Saison sicht d’Equipe vum Restaurant Am Kraeltgen eng dynamesch an erfueren Servicekraft (m/w).

Mir si keng grouss Kette – mir sinn eng Ekipp, déi zesummeschafft, sech ënnerstëtzt a wou ee sech openeen verloosse kann.

Bei eis gëtt vill geschafft, mee och vill gelaacht an an enger flotter Atmosphär geschafft.

Wat mir vun dir erwaarden

  • Minimum 3 Joer Erfarung am Service
  • Dressage vun den Dëscher, Accueil, Commanden ophuelen, Clienten beroden, Service à l’assiette, …
  • Ganz gutt Franséischkenntnisser
  • Disponibilitéit fir 40 Stonnen/Woch ze schaffen
  • Variable Schaffzäiten (Coupure & Continu)
  • Führerschäin B + eegenen Auto obligatoresch

Wat dech bei eis erwaart

  • Eng gutt Zesummenaarbecht an enger flotter Ekipp
  • Vill Laachen an eng respektvoll Atmosphär
  • Eng trei Clientèle, déi eis scho laang begleet
  • E schéinen Aarbechtsplaz an engem charmante Kader
  • CDD: Mëtt Juni bis September (oder no Ofsprooch)

Interesséiert?

Da freeë mir eis, dech kennen ze léieren!

Schéck eis däin CV op: info@amkraeltgen.lu