Saltar para o conteúdo

Resumo

Procuramos um educador graduado para o nosso Serviço de Aconselhamento e Apoio e Serviço de Lazer. A missão é apoiar pessoas com deficiência intelectual e promover a sua autonomia.

Pontos-chave

Estado
Disponível
Local
Luxemburgo
Contrato
Tempo inteiro
Tempo de trabalho
40h/semana
Modalidade de trabalho
Presencial
Data de início
Imediatamente
Nível
Iniciante
Formação
Formação profissional (CATP/DAP/BTS)
Carta de condução
Sim
Idiomas (exigidos)
  • LuxemburguêsFluente
Competências exigidas
  • apoio pedagógico
  • vida autónoma
  • atividades de lazer
  • linguagem fácil
  • pictogramas
  • meios de comunicação alternativos
  • conhecimentos de informática
Benefícios
  • Formação regular
  • Integração de outros membros da equipa
  • Salário e condições do CCT SAS, Carreira C6
Salário estimado (não oficial)
~€48k–65k/yrEstimativa indicativa para um cargo a tempo inteiro — não fornecida pelo empregador Como é calculado?

Descrição completa

CDI, 40St. oder 2 x 20St./Woch fir eise Service Beroden a Begleeden a Service Fräizäit

  • REF: ASBL202610

Mir verstäerken eis Teams Service Beroden a Begleeden a Service Fräizait a sichen dofir een Educateur gradué. Bei Interessi un enger Deelzäitbeschäftegung besteet d’Méiglechkeet den Posten opzedeelen.

D’Missioun vum Service ass et, Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung, déi alleng, an der Koppel, an der Famill, oder an enger WG liewen, ze begleeden.

  • Service Beroden a Begleeden —

Deng Missioun

Leedung vum Service Formation assuréieren a fir ee gudde Fonctionnement suergen, am Aklang mat de Wäerter an der Philosophie vun Op der Schock.

D‘Schwéierpunkte vun denger Aarbecht leien a follgende Beräicher:

  • Zesummenaarbecht an engem multidisziplinärem Team
  • Pädagogesch Begleedung vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung an hirem Alldag, ugepasst un d’Bedierfnesser an d’Fäegkeete vun all eenzeler Persoun
  • Fërderung vun der Autonomie an de Ressourcen
  • Ënnerstëtzung an der Organisatioun vum Haushalt
  • Begleedung am administrativen a finanzielle Beräich
  • Ënnerstëtzung bei der alldeeglecher Liewensgestaltung a soziale Kontakter
  • Begleedung op verschidde Rendez-vousen (z. B. medezinesch, administrativ oder sozial)
  • Evaluatioune vun de Besoinen an de Kompetenze vun der Persoun am Beräich vum autonome Wunnen
  • Zesumme mat der betreiter Persoun hire Begleedungsplang erstellen
  • Service Fräizäit —

Deng Missioun

  • Encadrement vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Service Fräizäit
  • Entwéckelen an Organiséiere vun inklusive Projeten a Fräizäitaktivitéiten an méiglecher Kollaboratioun mam aneren Organisatiounen
  • Op d’Bee stelle vu Projeten, Workshops an Austauschgruppen, ugepasst un d’Bedürfnisser vun de betreite Persounen
  • Uwendung vun der Liichter Sprooch, Piktogrammen an alternative Kommunikatiounsmëttele fir op d‘Bedürfnisser vun de Leit anzegoen
  • Organisatioun an Begleedung vun adaptéierte Vakanzenaktivitéiten a Kolonien
  • An Zukunft: Opbau vun Dagesaktivitéite fir Jonker ab 12 Joer a pensionéierte Persounen

Qualifikatioun a Kompetenzen déi’s du matbrénge solls

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur gradué
  • Fachlech Kompetenzen mat engem ganzheetlechen Usaz an der Begleedung
  • Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Wohlwollend a wäertschätzend Haltung, mat Humor a Liichtegkeet schaffen
  • Kapabel autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Flexibilitéit an Teamfäegkeet
  • Gutt Kompetenzen an der Verschrëftlechung an an der Kommunikatioun
  • Gutt PC-Kenntnisser

Wat mir dir bidden?

  • Zesummeschaffen an engem dynameschen a motivéierten Team
  • Vernetzung mat anere Servicer
  • Reegelméisseg Formatiounen
  • Aschaffen vun anere Memberen aus der Equipe
  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS, Carrière C6

Konditiounen

  • Horaire: gëtt Opgrond vun den Aktivitéiten ugepasst – och weekends an méi spéit Owes
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 a 5) aus dem Casier judiciaire gefrot

Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

... hier die Annonce « Educateur» als PDF herunterladen.