Zum Inhalt sprangen

Coordinateur fir eis kreativ Atelier‘en

Zesummefaassung

Als Coordinateur fir kreativ Atelieren zu Réiden, wäert Dir d'Leedung vun den Ateliers d'Inclusion Professionnelle iwwerhuelen, mat engem Schwéierpunkt op de kreative Beräich. Dëst beinhalt d'Organisatioun vun der Aarbecht, d'Leedung vun Teammemberen an d'Ënnerstëtzung vun de betreite Mataarbechter an hirer berufflecher Inklusioun.

Wichteg Fakten

Status
Disponibel
Standuert
Lëtzebuerg
Aarbechtsmodell
Op der Plaz
Ufanksdatum
Soubal wéi méiglech
Niveau
Erfueren
Ausbildung
Bachelor
Führerschäin
Jo
Sproochen (verlaangt)
  • LëtzebuergeschFléissend
Gefuerdert Kompetenzen
  • Pädagogik
  • Management
  • Zäitgestioun
  • Kommunikatioun
Virdeeler
  • Reegelméisseg Formatiounen
  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS, Carrière C6
Geschat Salaire (net offiziell)
~€48k–65k/yrGrouf Schätzung fir eng Vollzäitplaz – net vum Employeur uginn Wéi gëtt dat berechent?

Vollstänneg Beschreiwung

fir eisen Atelier d’inclusion professionnelle zu Réiden

  • REF: COOP202601

Deng Missioun

An engem Team vu Coordinateuren zesummen d’Leedung vun den Ateliers d’Inclusion Professionnelle assuréieren a fir ee gudde Fonctionnement suergen, am Aklang mat de Wäerter an der Philosophie vun der Schock.

Een Schwéierpunkt vun denger Aarbecht läit an der Leedung vum kreative Beräich:

Leedung vum Team

  • Aarbechtsorganisatioun a Fonctionnement vum Alldag mat der Equipe zesumme plangen an ëmsetzen
  • Leedung vun Teamversammlungen
  • Féierung vu Mataarbechtergespréicher

Ënnerstëtzung an der pädagogescher Aarbecht

  • Aarbechtsofleef strukturéieren an un d’Kompetenze vun eise betreite Mataarbechter upassen
  • Entwécklung an Aktualiséierung vun Aarbechtsprozeduren an Zesummenaarbecht mam Team
  • Fërderung vun de Kompetenze vun de betreite Mataarbechter

Organisatioun vun der kreativer Produktioun zesumme mam Team (Käerzen, Keramik, Floristik, etc.)

Een weidere Schwéierpunkt ass den aktive Suivi an d‘Koordinatioun vun den Evaluatiounen an de Kompetenzbilanen vun de betreite Mataarbechter (initiale Kompetenzenbilan, Dokumentatioun vun den Aktivitéiten, Formatiounspläng a Projeten zur berufflecher Inklusioun).

Qualifikatioun a Kompetenzen déi’s du als Coordinateur matbrénge solls:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Bachelordiplom am Beräich Pädagogik an/oder Management
  • Ee Leadership, gepräägt duerch eng respektvoll, wohlwollend a léisungsorientéiert Haltung an der Aarbecht,
  • Fachlech a pädagogesch Kompetenzen mat engem ganzheetlechen Usaz an der Begleedung
  • Gutt Fäegkeeten an der Organisatioun: strukturéiert, koordinéiert an zilorientéiert Aarbechtsweis mat enger gudder Zäitgestioun
  • Fäegkeet, Freed a Motivatioun, souwéi och den Equippegeescht ze fërderen
  • Wohlwollend a wäertschätzend Haltung, mat Humor a Liichtegkeet an der Zesummenaarbecht
  • Kapabel autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Gutt Kompetenzen an der Verschrëftlechung an an der Kommunikatioun
  • Flexibilitéit an Teamfäegkeet
  • Gutt PC-Kenntnisser

Wat mir dir bidden?

  • Zesummeschaffen an engem dynameschen a motivéierten Team
  • Vernetzung mat anere Servicer
  • Reegelméisseg Formatiounen
  • Aschaffen vun der Direktioun an deenen anere Memberen vum Leedungsteam
  • Salaire a Konditioune vum CCT SAS, Carrière C6

Konditiounen

  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot

hier die Stellenausschreibung « Coordinateur kreativ Atelieren» als PDF herunterladen.

END JOB -->