Zum Inhalt sprangen

Diploméiert Hëllefskräften fir eis Wunnstrukturen um Centre Nossbierg zu Esch/Uelzecht

Zesummefaassung

D'APEMH sicht diploméiert Hëllefskräften fir d'Liewensstrukturen um Centre Nossbierg zu Esch/Uelzecht. D'Aufgabe si fir Leit mat intellektueller Beanträchtegung am Alldag, bei Fräizäitaktivitéiten, beim Akafen an bei administrativen Saachen ze hëllefen.

Wichteg Fakten

Status
Disponibel
Standuert
Nossbierg
Kontrakt
Vollzäit
Aarbechtsmodell
Op der Plaz
Niveau
Ufänger
Ausbildung
Beruffsausbildung (CATP/DAP/BTS)
Führerschäin
Jo
Sproochen (verlaangt)
  • LëtzebuergeschMammesprooch
Gefuerdert Kompetenzen
  • diplom
  • Führerschein Klasse B
Virdeeler
  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen (Carrière C3 CCT-SAS)
Geschat Salaire (net offiziell)
~€45k–60k/yrGrouf Schätzung fir eng Vollzäitplaz – net vum Employeur uginn Wéi gëtt dat berechent?

Vollstänneg Beschreiwung

D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstrukturen um Centre Nossbierg zu Esch/Uelzecht diploméiert Auxiliaires de Vie (w/m/x) fir CDI 20 – 30 oder 40 Stonnen/Woch.

Job description

Mir bidden Iech d’ Geleeënheet Deel vun enger engagéierter Ekipp ze ginn déi den Optrag huet, Persounen mat intellektueller Beanträchtegung am Kader vun de Wäerter, no deenen mer bei der APEMH schaffen, ze begleeden. Sie an deenen Beräicher ze ënnerstëtzen wou Hëllef gebraucht gëtt, sief dat am Alldag Doheem, bei der Fräizäitgestaltung, beim akafen an/oder bei administrativen Démarchen.

Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom an Autorisation d'exercer sinn
  • Beruffserfarung hunn
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • de Führerschäin Klass B hunn

Wënschenswäert Ufuerderungen

Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen (Carrière C3 CCT-SAS)
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.